Volvo-Frënn Autotest: XC90 T8 Plugin-Hybrid

Viru kuerzem krute mir d’Topmodell vum XC90 T8 fir ze teste vun der Garage Autopolis zur Verfügung gestallt. Den XC90 T8 huet 407 PS, déi kommen zesumme vun engem 320 PS staarken 2 Liter Benziner an engem 87 PS staarken Elektromotor.
D’Batterie vun 9,2 kWh déi am Mëttel Tunnel verstoppt ass schränkt de Volume vum Koffer quasi net an.
Reng elektresch kann ee bis zu 40 Kilometer fueren, dat hänkt natierlech vun der Strooss an de Klimasituationen of.

Mee elo zréck zu eisem Test.
Wann een an den Auto klëmmt ass op den éischte Bléck net villes anescht wéi bei engem normalen Auto. Wann een awer de Start Knäppchen dréckt geschitt guer näischt. Déi éischte Meter déi si schonns e bëssi komesch. Den Auto fiert ouni Kaméidi un an et héiert just e bëssi d’Knubbele vun der Strooss.

Relativ séier geet d’Kilometeranzeig e bëssi erof mee bei deem éischte Bierg deen een erofrullt gëtt d’Batterie chargéiert an d’Autonomie geet erëm an d'Luucht.

Et stinn engem insgesamt 7 Modi zur Verfügung: AWD, Save, Pure, Hybrid, Power, OffRoad an Individual. Am Pure Modus fiert den Auto bis zu 40 km reng elektresch ouni dass de Bensiner uspréngt. Dat ass schonn impressionnant dass en esou groussen Auto komplett elektresch fuere kann. Et huet eis gutt gefall wéi douce an agreabel et sech reng elektresch fiert an et mécht een sech e Spaass doraus fir esou wéit wéi méiglech ouni Benzin ze fueren.

Den Hybrid ass am Fong deen normale Modus deen een am Alldag meeschtens wäert benotzen. Hei fiert den Auto am Elektromodus un an ab engem bestëmmte Punkt schalt sech de Bensiner ouni dass een et mierkt bäi oder erëm of. Dëst geschitt absolut douce an ouni Ruckelen, et gesäit ee just um Tacho wat fir e Modus aktiv ass.

Am Power Modus hëllefen de Bensiner an den Elektromotor den XC90 a 5,7 Sekonne vun 0 op 100 ze beschleunegen. Dat hunn mir natierlech och ausprobéiert an dat ass schonn impressionnant wéi een hei an de Setz gedréckt gëtt an et däerf een net vergiessen dass deen Auto jo 2,3 Tonne schwéier ass.
Wann dann d Batterie mol eng Kéier eidel si kann een se op enger normaler 240 Volt Steckdous an 3,5 Stonnen oplueden, wann een eng 400 Volt Steckdous huet geet dat jo nach vill méi séier.

Wann vläicht scho vill Leit sech gefrot hunn, wat geschitt wann een dem Noperen zum Beispill de Stecker wéilt iwwer Nuecht erauszéien..., jo dat gëtt beim XC90 näischt. Esoubal een den Auto zougespaart huet, da kritt een den Elektro Stecker net méi eraus gezunn.

Fazit:

Déi Rou am Auto huet eis scho faszinéiert an och wéi dat ganzt funktionéiert. Et kritt ee mat dësem Auto eng vill méi entspaante Fuerweis a wann et muss si kann een op Fuerleeschtunge vun engem Sportsauto zréckgräifen.
Eenzegen Hocken un der ganzer Saach ass dach dee relativ héije Präis mee do kann een hoffen dass an Zukunft Hybride méi bëlleg ginn an déi si jo och schonns bei der neier 60er oder 40er Baureih ugekënnegt.

Volvo-Frënn Autotest: XC90

Beim leschten Hierschttour krute mir d’Geleeënheet den neie XC90 ausgibeg ze testen. Ganz am schwaarz stoung eisen Testauto moies fréi um Parking nieft eisen anere Memberen hiren Autoen. Wat mol als éischt opfält, hei hunn mir et net mat engem klengen Auto ze di mee scho mat engem grousse SUV. Déi meeschte XC90 wäerte jo och éischter an den USA oder China hier nei Heemecht fannen. Wéi sech dësen neie Volvo fiert dozou komme mir méi spéit an eisem Test.

Read more: Volvo-Frënn Autotest: XC90

Volvo-Frënn Autotest: V60 D4 Ocean Race

Viru kuerzem hate mir d’Geleeënheet a Crystal White Volvo V60 Ocean Race ze testen. Dëse V60 ass a 4 verschiddene Faarwen disponibel: Ocean Blue Metallic, Bright Silver Metallic, Saphir Black Metallic a Crystal White Perl-Effekt. Eisen Testauto war mat deem neien Drive-E D4 Motor mat  8 Gang Automatik an 18 Zoll Portunus Felgen equipéiert. De Volvo Ocean Race Schrëftzuch ass an dësem Editiounsmodell, dat mat anthrazitem Lieder mat orangen Néit equipéiert ass, net nëmmen op de Sëtzer ze fanne mee och op der Mëttelkonsole souwéi op den Teppecher. Op der Ofdeckung vun der Mall gëtt et eng Weltkaart mat der Volvo Ocean Race Course drop.

Als laangjäreg Fënnefzylinder-Chauffere ware mir schonn op dësen Test gespaant, mee et muss een direkt soen dass de 4-Zylinder sech ganz gutt geschloen huet an dank dem duebelen Turbo huet de Motor eng gläichméisseg Kraaftentwécklung an och genuch Power a sämtlechen Dréizuelen. Gläichzäiteg ass de Motor gutt isoléiert an den Diesel ass just ënner Vollascht ze héieren.
D'8 Gang Automatik, déi mat enger Start-Stopp-Funktioun equipéiert ass, harmonéiert nawell gutt mam Diesel .

Wat engem direkt opfält ass dass déi 8 Gang Boîte vill méi séier schallt wéi déi al 6 Gang Boîte (laut Volvo 50 Prozent méi séier). Beim Beschleunege ginn d’Gäng esou séier gewiesselt  dass de Chauffer bal näischt dovu matkritt. Déi Boîte ass gudd op dëse Motor ofgestëmmt, esou dass de Motor stets am optimalen Dréizuelbereich fonctionnéiere kann. Dës Boîte besetzt ausserdeem eng Eco+ Fonctioun déi iwwer e Schalter an der Mëttelkonsole ageschalt gëtt. Duerch dës Funktioun gëtt d’Motorsteierung optiméiert, Schaltpunkten an d’Uspriechverhaale passen sech esou engem ëmweltbewoossten a besonech spuersame Fuerstyl un. Am Eco+ Modus schalt sech de Motor duerch de Start-stop Funktioun scho bei ënner 7 km an der Stonn aus an net wéi bis elo just eréischt wann den Auto ganz steet.


E weidere Bestanddeel vum Eco+Modus ass d’Segelfunktioun Eco-Coast an d’Klimafunktioun Eco-Climate. Mat Eco-Coast gëtt duerch d’Entkoppelung vum Andriffstrang déi kinetesch Energie vum Auto optimal ausgenotzt. Wann de Chauffeur bei Vitessen iwwer 50 km an der Stonn a vum 5. Gang un opwärts de Fouss vu Gaspedall hëlt, gëtt d’Motorbrems deaktivéiert an d’Motordréizuel op Leerlauf erofgesat. Doduerch ass en energiespuerend Segele méiglech, ouni dass de Motor den Auto ofbremst.
Volvo huet mam Ocean Race V60 mat dëser Ausstattung eng ganz interessant Offer op d’Been gestallt.

Fazit:
Eis huet den neien Drive-E Motor mat der neier 8-Gang Boîte jiddefalls gutt gefall an ausser dem bullegen a kernege 5 Zylinder-Klang kann dëse Motor alles besser wéi säi Virgänger.

weider Fotoen